Maacht 2014 zu Äerem Erfollegsjoër!

Publié le 29.12.2013 par Paul Feller

Maacht 2014 zu Äerem Erfollegsjoër!

De Joreswiessel ass den idealen Zäitpunkt fir e Réckbléck ze man a perséinlech Gedanken iwert di beruflech a privat Zukunft ze projezéieren. Sidd éierlech mat Iech selwer! Stellt Iech d’Fro, ob Dir mat Äerer aktueller beruflecher Situatioun zefridden sidd. Déi scheinbar Sëcherheet an Äerem Beruf als Employé(e)/Fonctionnaire ass bestëmmt berouëgend. Wéi gesäit et awer mat Äeren egenen Ideeën, mat Äere Visiounen a mat Äerer Kreativtéit aus? Dreemt Dir dovunner selwer bestëmmen ze kënnen wat, mat wiem, wéini an wou Dir schaffen wëllt? Wéi ass dat Gefill selwer decidéieren ze kënnen, egen Iddeeën ze verwirklechen a selwer d’Friichten vun der Arbecht ze genéissen? D’Ufuerderungen an der aktueller Arbechtswelt si nit ze ënnerschätzen an drécken ëmmer méi op all Ugestellten.

Halt ob mat dreemen! Et ass vläicht grad elo de richtege Moment sëch beruflëch selbstännëch ze machen. Dir braucht eng gudd Iddee, ë bësse Startkapital an de Mut fir aus der „Zone de Confort“ eraus ze briechen. Denkt driwer no, wat Iech beruflech Satisfaktioun bréngt! Dank dem breede Spektrum vu Franchise-Systemer, déi zur Zäit um Maart sin, fannt Dir bestëmmt dat Konzept, dat zu Äeren Iddeeën am beschte passt.

Hätt Dir gären Informatiounen iwert déi interessant Branche an der ëch schaffen, ee vun de weltwäit gréissten an erfollegräichsten Franchise-Systemer, RE/MAX, da meld Iech bei mir. Gäere stellen ëch Iech eisen  Geschätsmodell vir (iwert 100.000 Agenten a méi wéi 90 Länner). Contrairement zu dem, wat bei eis zu Lëtzebuerg oft gemengt gëtt, ass een Immobilienagent „kee“ Verkeefer, mee en Indépendant, den senge Klient’en eng héig werteg Dingschtleeschtung entgéint bréngt. E gudden Agent ass eng Persoun, déi nolauschtert, de Besoi’nen vu sengen Klient’en Rechnung dréit a vermëttelt!

Interesse? Mëllt Iech bei mir !

Paul Feller 



Bal05  

 

Commentaires


- Il n'y a pas de commentaires. -