Situation marché 2014

Publié le 29.11.2014 par Paul Feller

Blog iwert D'Situatioun vu Marché wei mir dëse gesin, Dezember 2014.

Allgemeng bestätege mir, dat den Immobiliemarché zu Lëtzebuerg sëch an 3 Haaptregiounen obdeelt.

  • Als icht d' Staat  Lëtzebuerg an hiir direkt Nopechgemengen, do hu mir dat, wat mir een Verkeefermarché nennen. Konkret, ët as relativ einfach een Bien zu engem entsprechend heihem Prais ze verkaafen. Dëst as gudd vir all Propriétairen dei verkaafen wëllen, leider as dës Situatioun nët esou flott vir d'Acquéreuren, ausser vir Investisseure dei d'Intentioun vun enger Revente hun. Tendenz vun den Praisser as aktuell weider um klammen. 
  • Durno een Groussraum den de ganzen Süden, den Osten (Mousel bis Jonglënster), de Westen bis Réiden an den Norden bis d'Nordstad ëmfasst. An dësem Secteur hu mir dei glaich Tendenz wei am Zentrum. D' Praisser klammen. Dach as ët an dësem Groussraum nach méiglëch Wunnraum an Grondstëcker zu engem einigermossen akzeptablen Prais ze fannen. Dëst wäll a villen Gemengen nach een ausgeglachenen Marché Verkeefer - Keefer besteet,  ausser an der Nordstad wou ët massiv un Appartementer zum verloune feelt.
  • Am drëtten an lächte Secteur, den Norden an an Deeler vum Osten vum Land hu mir zur Zait een Keefermarché. Dat heecht, ët as méi schwéier een Bien ze verkaafen. Oft gin hei Wunnengen ënnert dem Prais ugebueden.  Dat as gudd vir potentiell Keefer. Mir hun am Norden vum Land schons flott Haiser vir ënnert 300 000€ an Appartementer vir ënnert 200 000€ verkaaf.
2096759

Als Trend gesi mir och, daten d'Appartementer ëmmer mei beléiwt gin. Heizou fann Dir hei een LINK zum Artikel aus dem  L'Essentiel, .Dës Zuelen beléën och ais Venten als Groupe RE/MAX.  +/- 60% vun aise Venten sin Appartementer. (Studios, appartements, Penthouse)

Terrainen sin am Norden vum Land nach am einfachsten ze fannen. Hei gin ët vill, ganz flott Parzellen vir ënnert 30 000€ den Ar. Oft héire mir  Argumenter daten dës Grondstëcker ze wait wäch vun allem léien. Jo dat stëmmt, sie sin enorm wait wäch vun der Natur an der frëcher Loft. Ausser dësem grousse Manko heut den Norden dei grouss Avantage dat:
  • d'Geschäfter och Sonndes ob hun
  • d'Schullinfrastrukturen oft ichtklassëg sin an d'sozial Durchmëchung relativ gesond as
  • vill Gemengen dank dem "Bummelbus" den Elteren vill Trajéen ofheulen an hinnen domat enorm vill Zait schenken
  • d'Vereins- d'Kulutur- an d'Sportsliewen ob mannst esou gudd as wei an den aneren Geigenden
  • De Wee bis an de Stau ëmt d'Staat awer nët esou wait wäch as ;-)
Mir gesin d'Entwëcklung vun de Praisser am Ablack esou, dat dës an der Staat an ronderem eventuell manner séier, mais kontinuléierlëch klammen wärten. Am Norden sin och Haussen ze erwarden, dës wärten awer mei bescheiden ausfallen. Vir dei aner Geigende hängt ët vill vun der lokaler Ëntwecklung oof ob d'Praisser mei massiv, mei bescheiden klammen oder och eventuell stagnéiren wärten. Mir gesin  d'Gefoor vir potentiell Keefer an d'Chance vir potentiell Verkeefer, dat den Groussraum Miersch an de Groussraum Nordstad an de nächsten Joren mat am meechte un Valeur gewanne wärt.

(D'nët) Décisoun iwert d'plans sectoriels heut zur Zait keen Impact ob d'Praisëntwëcklung. 

Den nächste Bericht iwert den Marché wärt Enn Dezember 2014 eraus kommen. 


Ech ëntschëllegen mëch vir all Schreiwfeeler an invitéiren jidfereen den fënd, dat der zevill hei drann stinn mir an 3 Wochen ze hëllefen vir dëst dann besser ze machern  ;-)

Paul Feller.

Commentaires


- Il n'y a pas de commentaires. -